Juncker

8281 mots 34 pages
Här President,
Dir Dammen an dir Hären,
Déi Zäit an där mer liewen, déi ass net einfach.
Si ass net einfach um internationale Plang. Mir stieche weltwäit an där déifster Finanz- a Wirtschaftskris déi mer an deene leschte Jorzéngten erliewt hunn. Déi Kris déi lokal – an den USA – a sektoriell – an do am Finanzsektor – ugefaang huet déi huet d'Weltrealwirtschaft mat enger Vitesse sonnergläichen de Bierg erofgehäit. De Chaos deen entstan ass – an deen nach net eriwwer ass – dokumentéiert op eng eklatant Art a Weis den Echec vum Turbofinanzkapitalismus dee sech ouni Gêne an ouni Rücksicht op d'Kardinoldugende vun der sozialer Marktwirtschaft iwwer alles Meeschter gemaach huet. D'Politik vum séiere Geld ass d'Baach agaang, d'Faszinatioun vum Räichginn ouni Effort ass geplatzt, den Orchester vun deenen déi ëmmer erëm d'Melodie vun der ongebremster Dereguléierung an der totaler Privatiséierung ugestëmmt hunn ass méi kleng ginn, de Neoliberalismus huet zwee Schalldämpfer op seng Trompett kritt an déi déi wéi ech – och dacks hei am Haus – dem Staat seng normativ Reguléierungsfunktioun ugemahnt hunn an déi dowéinst Wirtschaftsarchaïsmus virgeworf kritt hu gesinn op eemol net méi esou al aus. Dee wëlle Finanzkapitalismus muss Regele kréien déi däitlech maachen datt Wirtschaft a Finanzen dem Mënsch ze dingen hunn an net ëmgedréit. Dëse Reguléierungsprozess ass amgaang, mir geet en ze lues virun. D'lëtzebuerger Regierung ënnerstëtzt dësen Encadrementsprozess an hätt gären datt e méi séier géif virukommen. Mir triede fir eng adäquat Besteierung vun de geféierleche Risikogeschäfter vun de Banken an a maachen an Europa eist derfir fir datt dat geschitt. Wann net iwwerall an der Welt dann op d'mannst an Europa, wann net iwwerall an Europa dann an der Eurozon.
Allgemeng gesi gëtt et international éischt Unzeeche fir eng wirtschaftlech Erhuelung, awer déi no ënne geriichte Wuestumsrisike sinn nach net all eliminéiert. D'Schwellelänner wuesse konsistent – China zum Beispill an

en relation

  • Jisel
    2545 mots | 11 pages
  • Jette
    1013 mots | 5 pages
  • Alain mimoun, portrait en allemand
    402 mots | 2 pages
  • Français
    1288 mots | 6 pages
  • Jndozep
    907 mots | 4 pages
  • Allemand
    264 mots | 2 pages
  • Le horla
    9163 mots | 37 pages
  • Exposé audi (auf deutsch)
    568 mots | 3 pages
  • Jshdge
    335 mots | 2 pages
  • Jacquet
    6383 mots | 26 pages
  • Allemand.
    1097 mots | 5 pages
  • allemand révision
    670 mots | 3 pages
  • Yazzeer
    471 mots | 2 pages
  • Jyrk
    276 mots | 2 pages
  • Jhybjk
    969 mots | 4 pages