Un aller simple
Privatsphär an Dateschutz
Géint den Iwwerwachungswahn. Säit 2005 mussen Telekomprovideren a Lëtzebuerg all Telefonsverbindung, E-Mail an all Internetverbindung vun all Mënsch a Lëtzebuerg 6 Méint laang späicheren, ouni, dat ee begrënnte Verdacht bestoe muss. Dës Vorratsdatenspeicherung ass een déiwen Aschnëtt an d'Privatsphär, verletzt d'Onscholdsvermuddung, an erméiglecht eng 24-Stonnen Iwwerwaachung vun all Mënsch. Dobäi kënnt déi flächendeckend Iwwerwaachung vun ëffentleche Platze mat Videokameraen. De Betrib vu sou Kameraen ass immens deier ouni, dat een en positiven Afloss op de Kriminalitéitstaux noweise kann. Mat Aféierung vum biologesche Pass gi lo och biologesch a genetesch Donnéeën op engem onséchere Funkchip gespäichert. D'Piratepartei refuséiert dës Entwécklung mat ze maachen a fuerdert d'Ënn vum Iwwerwaachungswahn!
Besseren Dateschutz. Millioune vun Donnéeë mat perséinlechen Informatioune sinn a verschiddenen Datebanke gespäichert, ouni, dass fir hier Sécherheet garantéiert ka ginn. Perséinlech Donnéeë ginn net nëmme schlecht geschützt, si gi souguer ënner staatlecher Féierung verbreet. D'EU huet en Ofkommes mat den USA beschloss, wat et den USA erlaabt mam Virwand vun der Terrorfahndung Bankdonnéeë vun all europäesche Bierger ze duerchsichen. Fir dës Donnéeë kënnen ze schütze muss all Bierger d'Méiglechkeet hunn seng perséinlech Donnéeën zréck ze verfollegen, änneren, oder läschen ze kënnen.
Géint Zensur
Fräi Meenungsäusserung. An enger fräier a multimedialer Welt ass eng fräi Press an d'Recht, seng eege Meenung oppen ze soen oder ze verëffentlechen ee fundamentalen Deel. En demokratesche Staat dierf Meenungsbildungen net verhënneren oder erschwéieren. Kultur a Konscht muss sech fräi entwéckele kënnen an dierf net vum Staat kontrolléiert, verännert oder verbuede ginn. Dofir sinn d'Pirate géint all Art vun Zensur, vun der Press, dem Internet oder Fernseh, Literatur, Videosspiller, Musek oder all aner Art vu